HFF Immobilier

Gestion locative

An Immobilien investéieren kann äusserst rentabel sinn. Et muss een sech awer bewosst sinn dass esou een Investment vill Zäit an Usproch hëllt an eng gewëssen Kenntnis vum Immobilien-Marché viraussetzt. 

Mat HFF Immobilier als ärem Partner brauch der Iech ëm är Zäit an Know-How keng Gedanken méi ze maachen. Mir sinn ären Begleeder op all eenzel Etapp vun ärem Projet!

Ugefaange bei der Analyse vum Dossier, iwwer d'Sichen vum richtegen Objet, d'Verhandelen vum Präis, bis hin zur finaler Ënnerschrëft beim Notaire. 


GESTION LOCATIVE:

Sidd dir schonns Proprietär vunn engem oder méi Locatiouns-Objet'en oder plangt an noer Zukunft de Kaf vun engem Appartement oder Haus zu Locatiouns-Zwecker, mee Iech feelt einfach d'Zäit fir Iech uerdentlech ëm ären Investment ze këmmeren?

An deem Fall ass HFF genau de richtegen Partner fir Iech! 

Mir këmmeren eis ëm är Immobilien:

  • Grëndlech Botzen vun ärem Objet duerch eng professionell Firma
  • Verlounen, Organisatioun vun de Visitten, Auswahl vunn den Kandidaten, Opstellen an Ënnerschreiwen vum Contrat de Bail, Etat des lieux bei der Entrée a Sortie vun engem Locataire
  • Facturatioun vum Loyer, Akasséieren an Weiderleeden op ären Compte
  • Gestioun vum Syndic, vu klengen Aarbechten an den zoustännegen Firmen
  • Gestioun an Suivi vun eventuellen Renovatiouns-Aarbechten souwéi d'Eraussichen vun den betreffenden Firmen
  • Compte rendu vun der Gerance

By clicking on "I agree", you authorize the use of cookies to ensure you get the best experience on this website.

Learn more I agree