Eis agence
HFF Immobilier ass eng Agence « à taille humaine »
Mat méi wéi 10 Joer Beruffs-Erfarung am Beräich vun der Consultance no um Client weess eisen Gerant, de Pit Frisch, ëm d’Wichtegkeet vun enger perséinlecher Berodung an der Welt vun den Immobilien.
Eis Philosophie:
De Verkaf vun ärem Objet soll keng finanziell Belaaschtung fir Iech sinn !
Profitéiert dofir vun enger professioneller Berodung fir eng Kommissioun ab 2 % (+TVA 17%) vun ärem Verkafspräis.
Mir besichen regelméisseg Foiren an Formatiounen am Beräich vum Bauwiesen. Dëst ass wichteg fir eisen Client’en den aktuellen Wëssensstand a punkto Gesetzer a Reglementatiounen sou wéi den neisten Technologien ze garantéieren.
HFF Immobilier bitt Iech folgend Servicer un :
- Berodung
- Estimatioun vun ärem Objet
- Professionell HDR Fotoen a Video
- Virtuellen Homestaging (virtuell Ariichten mat Miwwelen an Deko vun ärem Objet)
- Virtuell 360° Visitten
- Erstellen vun engem 2D Plang
- Begleedung vun ärem Projet vum éischten Kontakt bis zum Acte beim Notaire
